image
D’Wirtschaftsmissioun am Zeeche vun der Gesondheet
EXOATLET
image

D’Wirtschaftsmissioun am Zeeche vun der Gesondheet

Et ass schonn eng aussergewéinlech grouss Wirtschaftsdelegatioun, déi sech dëser Deeg op Dubai an Abu Dhabi deplacéiert huet.

Se ass zesumme gesat aus 62 Firmen an 90 Representanten. Et geet do queesch duerch d’Secteuren. D’Vereenegt Arabesch Emirater si fir Lëtzebuerg mat Sécherheet ee vun den absolut prioritäre Partner am Noen Osten.

De Business-Forum war d’Geleeënheet, bei där d’Acteure vu béide Säite sech besser konnte kenneléieren.
D’Themeschwéierpunkte louche bei der Gesondheet, der Logistik, dem Weltraum an de Finanzen, sou den Direkter vun der Lëtzebuerger Handelskummer, Carlo Thelen. Konkret Kooperatioune géingen awer net vun haut op muer entstoen.

Carlo Thelen: “Et ass rar, datt bei enger Missioun direkt e Kontrakt ënnerschriwwe gëtt. Besonnesch zu Dubai spille laangfristeg Relatiounen eng grouss Roll, an et ass et wichteg, datt een dacks heihinner kënnt.”

Mir vertrauen eis géigesäiteg, seet den Etienne Schneider, fir deen et als Wirtschaftsminister déi 6. a leschte Visitt an den Emirater ass.

Den zweeten Dag vun der Wirtschaftsmissioun zu Dubai stoung am Zeeche vun der Gesondheet. Eng Rei Spidolsdirektere vu Lëtzebuerg, esou wéi den Direkter vun der Santé, si matgereest, fir sech verschidde Spideeler unzekucken. En Dënschdeg war de grousse Rendezvous: d’Arab Health, déi gréisst Gesondheetsfoire am Noen Osten, op där och e puer Lëtzebuerger Entreprise vertruede waren.

A senger Funktioun als Nach-Gesondheetsminister präziséiert den Etienne Schneider, datt déi aktuell Presenz vu Lëtzebuerger Spidolsdirekteren zu Dubai näischt mat eventuelle Privatiséierunspläng fir de Secteur ze dinn hätt.

Etienne Schneider: “D’Iddi ass, datt d’Spidolsdirektere sech hei Bild vun den neisten Technologien am Gesondheetsberäich kënne maachen.”

An dat um grousse Salon „Arab Health”, op deem och de Grand-Duché mat engem grousse Stand present ass.

Carole Brückler vum Wirtschaftsministère: “6 Lëtzebuerger Entreprisen haten an de leschten zwéin Deeg scho vill Succès, méi Succès ewéi erwaart och. Et si permanent Leit um Lëtzebuerger Stand.”

Schare vu Visiteure sinn en Dënschdeg de Moien op d’Arab Health gepilgert. Méi wéi 4.000 Exposanten aus dem medezinnesche Beräich stellen hei aus. Gängeg Ekippementer fir den Operatiounssall, Maschinnen, fir d’OP-Material ze steriliséieren, Couveusen… Nach manner verbreet ass dës Maschinn: opgrond vun digitalen Date verpeekt si de personnaliséierte Mix vu Medikamenter, déi e spezifesche Patient zu enger gewësser Dageszäit huele muss. Verschidde Lëtzebuerger Spideeler hu schonn esou smart Apdikten, mä och ausserhalb, zum Beispill an den Alters- a Fleegeheemer,wäre se sënnvoll, fënnt de Jean-Claude Schmit.

Jean-Claude Schmit: “Ee vun de grousse Problemer ass, dass d’Leit sech ieren, respektiv d’Professionnels de la santé, wa se d’Medikaenter preparéieren. An dat soll hei net méi geschéie kënnen.”

Patientesécheheet – ee vun de grousse Sujeten am Gesondheetsberäich. Digitaliséirung a kënschtlech Intelligenz kënnen dozou vill bäidroen. Och zu Lëtzebuerg ginn et Betriber, déi esou Solutiounen entwéckelen. Unzetreffen dëser Deeg am Lëtzebuerger Pavillon op der Arab Health. Dës Software beispillsweis interpretéiert mat héijer Vitesse Tumeuren a Bluddungen am Gehir a liwwert grad esou séier e medezinesche Rapport.

Zanter 6 Méint gëtt Biomind an den Hopitaux Robert Schuman getest. Fir ze kucken, wéi se an der Praxis am beschten agesat ka ginn. Den Dokter ersetze wäert d’kënschtlech Intelligenz awer net.

Och dës Maschinn, entwéckelt zu Lëtzebuerg, huet Zukunftspotential. Patiente mat Häerzkreeslafproblemer kënnen heimadder hiert Häerz trainéieren, andeems se Loft mat méi niddregem, op si individuell ugepasste Sauerstoffgehalt anotmen. D’Haerz muss doduerch méi schaffen. Kardiotraining ouni physesch Ustrengung.
Dr Alexey Platonenko, ai-mediq: “Duerch d’Traitement kann d’Häerz de Sauerstoff méi effizient notzen. Direkt no der éischter Behandlung kënne Patienten duebel esou laang physesch Exercicer maachen.”

Am ganze 6 Lëtzebuerger Betriber si bis en Donneschdeg op der Arab Health present. Si bidden Exoskeletter fir d’Reedukatioun, digital Ventiller, mobill Rëntgepads oder SciPharm, eng klassesch Insulinpompel, fir Patiente mat enger bestëmmter rarer Krankheet ëmgebaut.

Fir si all bitt den arabesche Gesondheetsmarché grouss Opportunitéien. En ass a voller Entwécklung, an den Emirater setzt een esouguer op medezineschen Tourismus. Lescht Joer sinn 337.000 där Touristen heihi komm. 2021 soll et eng hallef Millioun sinn.

Vum privilegéierte Partner am Noen Osten a vun enger Frëndschaft schwätzt de Finanzminister Pierre Gramegna, deen eng Rëtsch Entrevuen hat mat politesche Responsabelen, Institutiounen an Acteuren aus der Finanzwelt, zum Beispill aus der Fongenindustrie.

Ënnert anerem gouf festgehalen, datt am Beräich Fintech an Zukunft verstäerkt sollt zesumme geschafft ginn. Den zoustännegen emiratesche Minister soll deemnächst dowéinst op Lëtzebuerg kommen. Et wiere schonn eng Rëtsch Projete geplangt, ënnert anerem e Seminaire iwwer Mikrofinanzen, sou de Lëtzebuerger Ressortminister.

De Pierre Gramegna huet iwwerdeems festgestallt, datt et an den Emirater gewëss Suerge gëtt wéinst dem Brexit. Aus Lëtzebuerger Siicht wier et natierlech den Ament besonnesch wichteg, fir d’Jalonen ze setze fir e gudde Fonctionnement vum Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Dubai, sou nach de Pierre Gramegna.

Zu Dubai steet e Mëttwoch fir d’Delegatioun d’Visitt vum Lëtzebuerger Pavillon fir d’Expo 2020 um Programm, déi jo am Hierscht ugeet.

Les Émirats arabes unis et le Luxembourg renforcent davantage leur collaboration dans les domaines économique et financier (28.01.2020)

Communiqué par: Service information et presse du gouvernement Lors de la deuxième journée de la mission économique, présidée par S.A.R. le Grand-Duc héritier, le Vice-Premier ministre, ministre de l’Économie, Étienne Schneider, a signé avec le ministre de l’Économie des Émirats arabes unis (EAU), Sultan bin Saeed Al Mansouri, un accord de coopération établissant un dialogue économique régulier et quasi institutionnel, couvrant aussi les domaines comme l’agriculture, l’industrie, les sciences, l’éducation et le tourisme. Soulignant l’importance que les deux pays attachent au développement continu de leurs relations commerciales, la coopération renforcée dans le domaine économique fait suite aux nombreux accords déjà existant entre les EAU et le Luxembourg, notamment dans le domaine de la finance. Les EAU sont la deuxième économie du Golfe derrière l’Arabie saoudite dont le PIB a atteint 428 milliards en 2019.

Composée de 90 représentants d’entreprises luxembourgeoises, une délégation d’affaires a assisté à un séminaire économique organisé par la Chambre de commerce luxembourgeoise avec des partenaires locaux à la Chambre de commerce et d’industrie à Dubaï. L’objectif de ce séminaire était la recherche de synergies ainsi que de nouvelles opportunités d’affaires entre les deux pays. Le discours de bienvenue a été prononcé par S.A.R. le Grand-Duc héritier:«Pendant les 10 dernières années, j’avais le plaisir de visiter les EAU, et en particulier Dubaï, à de nombreuses reprises. À chaque fois, j’étais impressionné par le rythme de croissance et de développement de ce pays et de cette ville. Je me réjouis de voir une telle communauté émirienne vivante et dynamique qui respecte et sauvegarde pieusement son patrimoine. Au Luxembourg aussi, nous visons à combiner traditions et développement économique, notamment dans des secteurs de la haute technologie.»

Dans son discours d’ouverture, le Vice-Premier ministre, ministre de l’Économie, Étienne Schneider, a déclaré: «Les EAU sont de loin le plus important partenaire commercial du Luxembourg dans la région du Golfe. La présence luxembourgeoise à l’Expo 2020 dynamisera davantage nos relations bilatérales qui ont permis de jeter un pont entre nos 2 pays considérés comme terres d’investissement et des plaques tournantes dans leurs régions.»
Ensuite, S.A.R. le Grand-Duc héritier et le Vice-Premier ministre, ministre de la Santé, Étienne Schneider, ont visité le pavillon luxembourgeois au salon ArabHealth de Dubaï qui est considéré comme l’une des plus importantes plateformes au monde consacrées à l’industrie des soins de santé. 6 entreprises sont présentes sur le stand luxembourgeois: Ai Mediq, BioMind, Ceodeux, ExoAtlet, IMA-X et Scipharm. Le Luxembourg en est à sa deuxième participation officielle: tout comme en 2019, la présence luxembourgeoise est conjointement organisée et financée par le ministère de l’Économie et la Chambre de commerce.

Relations bilatérales dans le secteur financier

La journée du 28 janvier était également placée sous le signe de la promotion de la place financière luxembourgeoise. En marge du Business Forum Luxembourg-UAE, le ministre des Finances, Pierre Gramegna, s’est félicité des bonnes performances des fonds luxembourgeois dans la région et a souligné: «La distribution des fonds luxembourgeois dans les EAU affiche la croissance la plus rapide dans toute la région MENA, et les fonds luxembourgeois, qui représentent une part de marché de 75% des fonds internationaux commercialisés aux EAU, permettent déjà aujourd’hui aux investisseurs de la région de faire des choix positifs, afin que leur avoirs soutiennent un développement durable.»

Pierre Gramegna a également eu une entrevue avec Arif Amiri, le CEO du Dubai international Financial Center (DIFC), la place financière de Dubaï. Arif Amiri a évoqué les priorités de développement du DIFC pour les années à venir et a notamment mis l’accent sur la digitalisation et la finance durable. Dans ce sens, le ministre des Finances et M. Almiri ont évoqué les pistes pour renforcer la coopération entre les places financières luxembourgeoise et dubaïote.

Pierre Gramegna a commenté: «Nos places financières ont de nombreuses similitudes et des intérêts complémentaires. Les opportunités sont nombreuses dans les deux sens: notre place financière diversifiée et internationale constitue une porte d’entrée incontournable vers le marché européen pour les acteurs de la région et la place financière de Dubaï joue un rôle central pour les institutions financières souhaitant développer leurs activités dans la région du Golfe. Cette mission a permis de mettre en exergue des pistes en vue d’instaurer une collaboration plus poussée dans la finance durable et la Fintech.»

Le ministre a par ailleurs eu une réunion avec des experts de la finance islamique. Les discussions ont principalement porté sur la convergence grandissante entre la finance islamique et la finance durable, et comment le Luxembourg peut y apporter tout son savoir-faire grâce à l’expertise confirmée de sa place financière dans le domaine de la finance verte et soutenable.

La Chambre de commerce pose davantage ses jalons aux UAE

En fin de journée, Carlo Thelen, directeur général de la Chambre de commerce a signé un «memorandum of understanding» entre la Chambre de commerce du Grand-Duché de Luxembourg et la Fédération des chambres de commerce et d’industrie des Émirats arabes unis afin de renforcer leur collaboration.